Yolande

Eng Geschicht vum Herzogtum Lëtzebuerg,
an aner Gedichter Aleedung
vum Alexis Werné

YOLANDE

YOLANDE,

ENG GESCHICHT VUM
HERZOGTUM LËTZEBUERG,
AN ANER GEDICHTER

No engem laang vergiessenen englesche Gedichtband
geschriwwen am Joer 1832 vun engem anonymmen Dichter

Op Lëtzebuergesch iwwersat a mat enger Aleedung vum Alexis Werné

Am Ufank vun den 1830er Jore kënnt en onbekannten engleschen Dichter op
Veianen a Branebuerg op Besuch. Eist Land muss him gutt gefall hunn, well
1832 verëffentlecht hien e Gedichtband mam Titel „Yolande, eng Geschicht
vum Herzogtum Lëtzebuerg, an aner Gedichter”.

Mir sinn am Mëttelalter zur Glanzzäit vun de Grofe vu Veianen. D’Yolande
war d’Duechter vum Grof Heinrich I. Mat jonke Joren ass hatt dem Klouschter
Mariendall bäigetrueden. Eisen engleschen Dichter war awer e Kand vun der
Romantik, e jonke Mann mat enger Imaginatioun ouni Grenzen. Hie mécht aus
dem Yolande eng flott Libes- a spannend Abenteuergeschicht.

De Gedichtband war laang a Vergiessenheet geroden, an England grad esou
gutt ewéi an eisem Land, deem seng Landschaft, Natur, Awunner a Geschicht
eisen Dichter awer mat Léift ze beschreiwe weess. Hei ass dëse Gedichtband,
fir d’éischte Kéier op Lëtzebuergesch iwwersat, a mat Erklärungen a
Commentairë vum Iwwersetzer.

Mat dem Erléiss vun dësem Buch gëtt en edukative Projet vun
der Fondation Luxembourg – El Salvador finanziell ënnerstëtzt.

BESTELLT ÄERT BUCH VUN ELO UN !

FIR ÄERT BUCH GESCHÉCKT ZE KRÉIEN,
IWWERWEIST W.E.G. 27 € OP DE KONT
CCPLLULL LU18 1111 0316 5028 0000

VUN DER IMPRIMERIE CENTRALE
MAT DER REFERENZ “YOLANDE”.

FIR MÉI BICHER ZE BESTELLEN, KËNNT DIR ÄR BESTELLUNG IWWER
EDITIONS@IC.LU ERASCHÉCKEN.

GRATIS LIWWERUNG ZU LËTZEBUERG.

Édition Imprimerie Centrale · www.ic.lu

27 € TTC
Format 18 x 24 cm
132 Säiten
Editioun Imprimerie Centrale

Laisser un commentaire